Crème fraîche 2017

logo_cremefraiche

Dëst Joer huet de Film “10 Grams Christmas” vum Cédric Weber, Yanis Friedrich a Rainer Fischer den 3. Präiss an der Kategorie 60 Sekonne Clip gewonnen. Bravo!

Schüler vun eisem Medienteam hu während de leschte Méint un hiere Bäitreeg fir de Concours “Crème fraîche” geschafft. Jiddfer Clip däerf net méi laang wéi 60 Sekonne sinn. Dëst Joer hu missen di folgend Critèren erfëllt ginn: eng jonk an eng eeler Filmfigur, e Schnéibiesem an e Schaukelpäerd beinhalten. 5 Teams aus dem Lycée Aline Mayrisch haten dëst Joer um Concours deelgeholl.

D’Gewënner goufen den 13.3.2017 am Utopolis vum Publikum gewielt.

(Link: http://www.creme-fraiche.lu/de)

Eingereichte LAML-Clips aus dem Jahr 2016