Filmland Kehlen

Den 2. März 2017 kruten d’Schüler aus de Medienoptiounen eng Féierung duurch d’Filmland zu Kehlen. Hei konnten si an d’Filmkulissen vun aktuelle Filmproduktiounen eraluussen. Ausserdem kruten si en Abléck an d’Méiglechkeeten, wéi e Film an der Postproduktioun mit Spezialeffekte verännert gëtt. D’Françoise Lentz vum Lëtzebuerger Filmfond an de Lëtzebuerger Filmproduzent Paul Thilges hunn d’Hannergrënn vun der nationaler Filmindustrie virgestallt an de Schüler di verschidde Méiglechkeeten, sech zu Lëtzebuerg an der Filmindustrie ausbilden ze loossen, erklärt.

 

Foto: Visite vum 8.1.2016