Fake News am LAML

 

 

D’politësch Turbulenzen an Amerika an Europa hunn ee Grupp vu Schüler aus verschiddene Klassen aus dem LAML net kal gelooss. Fake News, Extremismus a Populismus goufe vill diskutéiert. Si wollten eppes ënnerhuelen an an eisem Lycée en Zeeche setzen, fir kritëscht Denken a politëscht Engagement ze fuederen.

Dofir hu si Fake News fir de LAML produzéiert, iwwert eng Black Box, e “Prisong fir den Handy”, di anscheinend an all Klassesall installéiert gëtt. Wéi bei all Fake News ass dofir virun allem Material aus dem Filmarchiv geholl ginn an en neien Text driwwer gesat ginn.

Sonndes, den 23. Abrëll, gouf dëse Clip “geleakt”, vum Medienteam “geklaut” an op Facebook “geshared”. Méindes moies hunn dunn Assistants pédagogiques dobäi gehollëf, de Clip an all Klass ze verdeelen.

Ënne fannt dir dräi Video-Clips, déi schliesslech zur Opklärung gedréit si ginn. Et si kuerz a simpel Tutorials zum Thema “Fake News” an Ureegungen zum kriteschen Denken.

It’s your turn!

Carolina Diehl, Chloé Heyart, Moritz Hoss, Lou Kremer, Capucine Lentze, Gilles Magalhaes, Floran Macoir, Sophie Rasqui, Leila Schmitz, Anne Schwarz, Lorena Tornambé