Concours Jeune Journaliste 2019

Beim nationale Concours Jeune Journaliste huet de LAML dëst Joer gläich 3 éischt Präisser geholl.

D’Klass 7_5, d’Klass 4_1 an de Matteo Russo a Steven Keup vun der 1ère Medienoptioun kruten e Méinden, den 11. Mäerz, d’Präisser am Lycée Josy Barthel iwwerreecht.

D’7e hat an der Projetswoch um Ipad e Film zum Sujet Klimawandel gedréint, d’4e huet eng Radiosemissioun zum Sujet Chancëgläichheet produzéiert an d’Schüler vun der 1ère hu mat hirem Video iwwer Mobbing op Instagram an d’Reaktioune vun de Lëtzebuerger Schoulen d’Jury beandrockt