Filmowend an der Cinémathèque


En Donneschden, den 3. Abrëll, ass d’Final vum Concours Créajeune an der Cinématèque. Ënner de Finalisten an der Kategorie Jonk Erwuesener ass de Kuerzfilm “Two minutes disco” vum Anastasia Iampolskaia aus der 2E.

Start ass um 18.30 Uhr, d’Entrée as gratis.

Hei den Trailer vum Event.